Sécherung vum zytostatesche Parcours

Beschreiwung

Dëse Projet ass Deel vun der Sécherung vun der therapeutescher Prise en charge vu Patienten, déi eng Chimio- an/oder Biotherapie kréien. Aktuell ginn Héichrisikomedikamenter (MHR) ënner laminarer Stréimung vun der Spidolsapdikt preparéiert. All Medikament-Poschett kritt bei der Preparatioun eng Etikett mat de minimalen Informatiounen, déi d’Fleegepersonal brauch, fir dem richtege Patient d’Medikament ze administréieren. Mam READYMED-Modüll vun der CATO-Software kréien d’Etiketten och e Barcode. Beim Administréiere scannt d’Fleegepersonal de Bracelet vum Patient an de Barcode op der Etikett vun der Chimio-Biotherapie-Poschett. Esou ginn d’Sécherheet an d’Traçabilitéit vum Administréiere vu Medikamenter bis bei d’Krankebett vum Patient erhéicht.

Plus-value

Dëse Projet erméiglecht eng besser Traçabilitéit vum ganze Chimio-Biotherapie-Circuit, vun der Ordonnance iwwer déi pharmazeutesch Validatioun, d’Hierstellung vun der Chimio-Biotherapie-Poschett bis hin zum Administréieren duerch d’Fleegepersonal.

Status

Momentan finaliséiert

Anne Otto
Responsabel vun der Apdikt (HRS)
"Dëse Projet fërdert d'Interdisziplinaritéit tëschent dem IT-Service, der Apdikt an dem Service fir Onkologie an ambulant Chimiotherapie, fir d'Sécherheet vum zytostatesche Parcours ze verbesseren, andeems eng 100-prozenteg Traçabilitéit vun zytostatesche Medikamenter erméiglecht gëtt, déi an den HRS zu den Héichrisikomedikamenter (MHR) gehéieren."
Sophie Dias
Responsabel Palliativ-Soinen, Onkologie
"Dëse Projet garantéiert d'Sécherheet vum zytostatesche Parcours duerch d'Traçabilitéit vum ganze Chimio-Biotherapie-Circuit, vun der Ordonnance iwwer déi pharmazeutesch Validatioun, d'Hierstellung vun der Chimio-Biotherapie-Poschett bis hin zum Administréieren duerch d'Fleegepersonal."
Véronique Wagner
Directrice des soins vum Service Viszeral-Onkologie
"Dës Initiativ spigelt eist institutionellt Engagement fir d'Sécherheet an d'Wuelbefanne vun eise Patienten op hirem therapeutesche Parcours erëm, an ënnerstëtzt gläichzäiteg déi national Efforte fir d'Moderniséierung an d'Verbesserung vun der Accessibilitéit vu Patientendossieren duerch Digitaliséierung."

Fotogalerie

Dës Projete kennen Iech interesséieren

All d'Projeten uweisen
All d'Projeten uweisen