D’Fondation Hôpitaux Robert Schuman, an hirer Kapazitéit als Datekontroller, ass sech der Wichtegkeet vum Respekt vun Ärer Privatsphär bewosst a verflicht sech, Är perséinlech Daten a Konformitéit mat der Gesetzgebung, déi op d’Veraarbechtung vu perséinlechen Daten uwennbar ass, a besonnesch dem Reglement (EU) 2016/679 vum Europaparlament a vum Rot vum 27. Abrëll 2016 (“RGPD”) an dem Gesetz vum 1. August 2018 iwwer d’Organisatioun vun der nationaler Dateschutzkommissioun an dem allgemengen Dateschutzregime, ze veraarbechten.
D’Fondatioun huet en Dateschutzbeoptraagten (“DPO”) ernannt, dee ka fir all Froen zu der Veraarbechtung vun de perséinlechen Date kontaktéiert ginn:
- per E-Mail op d’Adress dpo@fhrs.lu
- per Post: 44 Rue d’Anvers, L-1130 Luxembourg
Uwennungsberäich vun der Politik
Dës Dateschutzpolitik erkläert, wéi mir perséinlech Daten iwwer eisen Internetsite sammelen a benotzen.
Am Allgemengen ass et méiglech, op dësen Internetsite zouzegräifen an drop ze surfen, ouni musse perséinlech Informatiounen oder Date matzedeelen. Perséinlech Date kënnen awer an de follgende Fäll gesammelt ginn:
- wann Dir eis iwwer eise Kontaktformular kontaktéiert;
- wann Dir en Don iwwer eisen Internetsite maacht;
- wann Dir verschidden Zorte vu Cookien zouloosst.
Mir sammelen och Date fir d’Sécherheet vun eisem Internetsite ze assuréieren a fir Är Visitt ze verbesseren.s afin d’assurer la sécurité de notre site internet et d’améliorer votre expérience de navigation.
Informatiounsufroen iwwer de Kontaktformular
Zwecker a gesetzlech Grondlag vun der Veraarbechtung
Jidderee kann d’Fondation Hôpitaux Robert Schuman iwwer de Formular op hirem Internetsite kontaktéieren. An dësem Kontext gëtt d’Dateveraarbechtung op der Basis vum Averständnis gemaach (Artikel 6.1.a vum Allgemengen Dateschutzreglement).
Kategorië vu gesammelten Daten
D’Daten, déi iwwer de Kontaktformular gesammelt ginn, sinn haaptsächlech:
- d’Identifikatiounsdaten (Numm, Virnumm);
- d’Kontaktdaten (E-Mail, Telefonsnummer);
- d’Kommunikatiounssprooch;
- all aner Kategorie vu perséinlechen Daten, déi d’Noriicht enthält.
De Kontaktformular enthält en “Noriicht”-Feld an deem Dir Är Ufro kënnt formuléieren. Et ass recommandéiert, do nëmmen d’Informatiounselementer ze nennen, déi néideg si fir Är Ufro ze veraarbechten, a besonnesch, wann et net onvermeidbar ass, ze vermeiden, sensibel Daten (am Sënn vum Artikel 9 vum Allgemengen Dateschutzreglement) déi Iech oder eng Drëttpersoun betreffen (zum Beispill Daten, déi d’Gesondheet, d’politesch Meenungen oder d’reliéis Iwwerzeegunge betreffen) doran ze nennen.
Empfänger vun den Daten
D’Daten, déi mir sammelen, gi vertraulech behandelt a ginn nëmme mat Drëtte gedeelt, wann dat néideg a gesetzeskonform ass. Zu dësen Drëtte kënnen eis Déngschtleeschter gehéieren, besonnesch am Kader vun der IT-Soustraitance. An dësem Fall suerge mir dofir, datt Är Daten an der Europäescher Unioun bleiwen oder a Länner, déi en änleche Schutzniveau bidden.
Späicherdauer vun den Daten
D’Date ginn esoulaang gespäichert wéi et néideg ass fir d’Zwecker, fir déi se gesammelt goufen, ze erreechen. D’Daten, déi gesammelt goufe fir op Är Kontaktufroen ze äntweren, gi wärend 2 Joer nom leschte Kontakt mat Iech oder no der Clôture vun Ärer Ufro gehalen.
Är Rechter
Am Aklang mam Gesetz hutt Dir déi follgend Rechter:
- Recht op Informatioun. Mir hoffen, datt dës Notiz Är Froe beäntwert huet.
- D’Recht op gratis Zougang zu Ären Daten.
- D’Recht, Är Daten ze korrigéiere wann se falsch oder net méi aktuell sinn.
- D’Recht, Äert Averständnis zu all Moment zeréckzezéien.
- D’Recht eng Reklamatioun bei der nationaler Dateschutzkommissioun (CNPD) ze maachen, wann Dir der Meenung sidd, datt d’Veraarbechtung vun Ären Daten net gesetzeskonform ass.
A bestëmmte Fäll an ënner de Konditiounen, déi vum Gesetz festgeluecht ginn, hutt Dir och déi follgend Rechter:
- D’Recht op Läschung vun Ären Daten.
- D’Recht, d’Limitatioun vun der Veraarbechtung vun Ären Daten ze froen.
- D’Recht, der Veraarbechtung vun Ären Daten aus legitimme Grënn ze widderspriechen.
Dir kënnt Iech zu dësem Zweck zu all Moment vun eisen Newsletteren ofmellen, andeems Dir den Ofmeldungslink benotzt, deen Dir an all Newsletter fannt.
- D’Recht op Portabilitéit vun den Daten, déi Dir eis matgedeelt hutt (dat heescht d’Recht, Är perséinlech Daten op engem Support ze kréien, dee vun enger Maschinn ka gelies ginn), souwäit dat technesch méiglech ass.
- Kontakt
Fir all Fro iwwer d’Veraarbechtung vun Ären Daten oder fir Är Rechter auszeüben, kënnt Dir den DPO vun der Fondatioun kontaktéieren:
- Per E-Mail op d’Adress dpo@fhrs.lu
- Per Post: 44 Rue d’Anvers, L-1130 Luxembourg
Fir konform mat der uwennbarer Reglementatioun ze sinn, verflichte mir eis, dës Informatiounsnotiz all Kéier wann et néideg ass ze aktualiséieren.
Cookien an aner Tracker
Zu de gesammelten Date gehéieren och d’Daten, déi duerch den Depot vu Cookien entstinn. D’Benotzer vun dësem Internetsite erkennen un, datt se iwwer d’Méiglechkeet informéiert goufen, hiert Averständnis zu all Moment iwwer d’Astellunge vum Banner um Internetsite ze änneren.
Fir méi Informatiounen, liest wgl. eis Cookiepolitik.
Datesammlung am Kader vun der Gestioun vun der Donen
Am Kader vun Ärem Don deelt Dir eis verschidde vun Äre perséinlechen Date mat. D’Fondation Hôpitaux Robert Schuman, a senger Kapazitéit als Datekontroller, ass sech der Wichtegkeet vum Respekt vun Ärer Privatsphär bewosst a verflicht sech, Är perséinlech Daten ze veraarbechten gemäß geltendem Recht. Fir méi Informatiounen, liest wgl. eis Informatiounsnotiz fir Donateuren.