Der Fondation Hôpitaux Robert Schuman en Don maachen heescht, Dosende vun Zwecker gläichzäiteg ënnerstëtzen. Fir d’Gesondheet spenden heescht, Mënschen ënnerstëtzen, déi Fleeg gebraucht hunn, brauchen oder brauche wäerten.
Dës Done ginn an engem Gesondheetsfong (Fond santé) gesammelt, fir déi finanziell Ënnerstëtzung vun diverse Projeten, déi d’Fleege-Ekippen, d’Dokteren, d’Fleegepersonal, mee och d’Fuerscher brauchen, fir hir Aarbecht besser a méi effizient ze maachen, eng mënschlech Versuergung unzebidden an de Famillen d’Iwwerstoe vun Epreuvë méi einfach ze maachen.