D’Fondation Hôpitaux Robert Schuman (“mir“), an hirer Kapazitéit als Datekontroller, leet grousse Wäert op de Respekt vun Ärer Privatsphär an de Schutz vun Äre perséinlechen Daten. Dofir wëlle mir Iech transparent Informatiounen doriwwer ginn, wéi mir Cookien op Ärem Apparat placéieren, benotzen a späicheren, wann Dir eis Websäit besicht, an Iech d’Optioune presentéiere fir se ze geréieren.
Wat asse e Cookie?
E Cookie ass eng kleng Textdatei, déi um Internetbenotzer sengem Apparat (Internetbrowser, Computer, mobillen Apparat, asw.) vum Server vun der Websäit, déi hie besicht, oder vun engem drëtte Server placéiert gëtt fir Informatiounen iwwer Iech ze memoriséieren, wéi Är Sproochpreferenzen oder Umeldungsinformatiounen. Mir benotzen intern Cookien a Cookië vun Drëtten, dat heescht Cookië vun enger anerer Domain wéi d’Websäit, déi Dir consultéiert.
Wéi eng zorte Cookië benotze mir?
D’Cookien, déi mir op eisem Site benotzen, ginn a verschidde Kategorie klasséiert:
Strikt néideg Cookien: dës Cookië sinn noutwenneg fir de korrekte Fonctionnement vun der Websäit. Se ginn normalerweis aktivéiert als Äntwert op Aktiounen, déi Dir maacht, sou wéi Är Konfiguratioune vun de Preferenze wat d’Sprooch an d’Vertraulechkeet ugeet oder d’Ausfëlle vu Formularen. Dir kënnt Äre Browser konfiguréiere fir d’Benotzung vu Cookien ze blockéieren oder doriwwer alertéiert ze ginn. Wann dës Kategorie vu Cookien, déi keng perséinlech Date stockéiert, déi Iech direkt kënnen identifizéieren, awer vun Ärem Browser blockéiert gëtt, kann Är Erfarung um Site beanträchtegt ginn.
Funktionell Cookien: dës Cookië erméiglechen et, d’Funktionalitéiten vum Site ze verbesseren an ze personaliséieren. Si kënnen entweder vun eisen Ekippen oder vu Drëttpersounen, deenen hir Servicer op eisen Websäiten benotzt ginn, aktivéiert ginn. Wann Dir dës Cookies net akzeptéiert, riskéiert Dir, datt en Deel oder all dës Servicer net korrekt funktionéieren.
Leeschtungscookies: dës Cookien erlaben eis et, d’Zuel vun de Visitten an d’Hierkonft vum Trafic op eiser Websäit ze bestëmmen, fir hir Performance ze moossen an ze verbesseren. Se hëllefen eis och, déi meescht besicht Säiten ze identifizéieren an d’Aart a Weis wéi eis Visiteuren um Site navigéieren ze evaluéieren, ëmmer mam Zil, en ze verbesseren. All d’Informatiounen, déi vun dëse Cookië gesammelt ginn, ginn zesummegesat a statistesch veraarbecht. Wann Dir dës Kategorie vu Cookien aktivéiert, erlaabt Dir eis et, d’Qualitéit vun eise Servicer ze kontrolléieren an ze verbesseren.
Empfänger vun de perséinlechen Daten
Är Date gi vertraulech behandelt a ginn nëmme mat Drëtte gedeelt, wann dat néideg a gesetzeskonform ass. Den Haaptempfänger vun Ären Daten ass d’Fondation des Hôpitaux Robert Schuman. Wann Dir d’Zorte vu Cookien, déi Dir op Ärem Apparat autoriséiert, auswielt, kënnen dës Cookien direkt vun eis oder vun enger Drëttpersoun placéiert ginn. Dat bedeit, datt, wann Dir d’Installatioun vu bestëmmte Cookië vun “Drëttpersounen” op Ärem Apparat autoriséiert, dës Drëttpersounen och Zougang zu den Informatiounen hunn, déi se enthalen (wéi, zum Beispill, Är Navigatiounsstatistiken, wann Dir Analyscookië vun Drëtten autoriséiert).
D’Fondation Hôpitaux Robert Schuman suergt och dofir, datt d’eventuell Transmissioune vun Äre perséinlechen Daten un autoriséiert Drëttpersounen net zu engem Transfert an e Land ausserhalb vun der Europäescher Unioun féieren, ouni adequat Schutzmoossnamen ze huelen, déi besonnesch dofir do sinn, Iech d’Ausübe vun Äre Rechter ze garantéieren.
Wéi kënnen d’Cookië geréiert ginn?
Dir kënnt zu all Moment iwwer de Banner vun de Cookien op eiser Websäit Äert Averständnis zeréckzéien oder Är Preferenzen änneren. Wann Dir net wëllt, datt mir Cookien op Ären Apparat setzen, kënnt Dir d’Cookien och iwwer Är Navigatiounsastellunge blockéieren an/oder läschen.
Dir fannt hei drënner Links zu den Hëllefsmenüe vun de 4 Haaptbrowseren an d’Prozedur, déi Dir musst suivéieren:
Browseren | Prozedur | Linke fir méi Informatiounen |
---|---|---|
Safari | Gitt op “Réglages” (Astellungen), dann op “Safari” Wielt “Effacer les cookies et les données” (Cookien an Date läschen). | https://support.apple.com/fr-fr/safari |
Google Chrome | Klickt op de Chrome-Menü an der Browser-Toolbar Wielt d’Optioun “Paramètres” (Astellungen) Klickt op “Afficher les paramètres avancés” (avancéiert Astellungen uweisen) An der Sektioun “Confidentialité” (Vertraulechkeet), klickt op de Knäppchen “Paramètres de contenu, Cookie et données de site” “Inhaltsastellungen, Cookien an Donnéeë vum Site). Dir hutt dann d’Méiglechkeet, se all ze läschen oder se eenzel auszewielen. | http://support.google.com/chrome/bin/answer.py?hl=fr&hlrm=en&answer=95647 |
Opéra | Gitt op “Préférences” (Preferenzen) Wielt “Avancé” (avancéiert) Wielt “Cookies” (Cookien) | http://help.opera.com/Windows/10.20/fr/cookies.html |
Edge | Klickt op déi dräi Punkten “… ” uewe riets an der Fënster vum Browser Wielt “Paramètres” (Astellungen) am Dropdown-Menü An der Fënster vun den Optiounen, klickt op den Tab “Cookies et autorisations de site” (Cookien an Autorisatioune fir de Site) Fir d’Cookien ze desaktivéieren, desaktivéiert de Knäppchen “Autoriser les sites à enregistrer et à lire les données des cookies” (Autoriséiert d’Säite fir d’Date vun de Cookien ze späicheren an ze liesen”. | edge://settings/content/cookies |
Fir all Fro iwwer d’Veraarbechtung vun Ären Daten oder fir Är Rechter auszeüben, kënnt Dir eis kontaktéieren:
- Per E-Mail: dpo@fhrs.lu
- Per Post: 44 Rue d’Anvers, L-1130 Luxembourg
Fir konform mat der uwennbarer Reglementatioun ze sinn, verflichte mir eis, dës Informatiounsnotiz all Kéier wann et néideg ass ze aktualiséieren.