
Sécherung vum zytostatesche Parcours
Beschreiwung
Dëse Projet ass Deel vun der Sécherung vun der therapeutescher Prise en charge vu Patienten, déi eng Chimio- an/oder Biotherapie kréien. Aktuell ginn Héichrisikomedikamenter (MHR) ënner laminarer Stréimung vun der Spidolsapdikt preparéiert. All Medikament-Poschett kritt bei der Preparatioun eng Etikett mat de minimalen Informatiounen, déi d’Fleegepersonal brauch, fir dem richtege Patient d’Medikament ze administréieren. Mam READYMED-Modüll vun der CATO-Software kréien d’Etiketten och e Barcode. Beim Administréiere scannt d’Fleegepersonal de Bracelet vum Patient an de Barcode op der Etikett vun der Chimio-Biotherapie-Poschett. Esou ginn d’Sécherheet an d’Traçabilitéit vum Administréiere vu Medikamenter bis bei d’Krankebett vum Patient erhéicht.
Plus-value
Dëse Projet erméiglecht eng besser Traçabilitéit vum ganze Chimio-Biotherapie-Circuit, vun der Ordonnance iwwer déi pharmazeutesch Validatioun, d’Hierstellung vun der Chimio-Biotherapie-Poschett bis hin zum Administréieren duerch d’Fleegepersonal.
Status
Momentan finaliséiert an Hôpitaux Robert Schuman.



Fotogalerie




