“Fast Track”-Consultatioun vun der Netzhaut

Beschreiwung

Dës Kamera ass d’Häerzstéck fir eng sougenannt Fast Track-Consultatioun vun der Netzhaut fir Diabeetiker, déi och ouni déi soss noutwendeg Dilatatioun vun de Pupille méiglech ass. International Direktive schreiwen eng järlech Fundusuntersuchung vir, fir Ae-Lesiounen, déi duerch Diabeetes verursaacht ginn, matzäit ze diagnostizéieren an ze behandelen. Laut international Etüde befollegen nëmme 50% vun den Diabeetiker dës Recommandatioun a riskéieren en irreversibele Siichtverloscht oder souguer blann ze ginn.

Plus-value

D’Untersuchung ass net nëmme séier an einfach; mee doriwwer eraus bitt d’UWF-Kamera aner Virdeeler, wéi z. B. déi fotografesch Dokumentatioun am elektronesche Patientendossier, d’Vergréisserung an d’Markéierung vu verdächtegen Netzhautberäicher um Bild souwéi d’Benotzung vun de multimodale Funktioune vun der Kamera fir d’Diagnos an d’Behandlung vun avancéierte Krankheetsstadien. Ausserdeem kënne vill aner Netzhauterkrankungen unhand vu multimodale Funktiounen ënnersicht a méi no beobacht ginn, wéi z. B. eng Netzhautdegeneratioun, Entzündunge vun der Oderhaut an der Netzhaut souwéi Tumoren.

Status

Kamera am Asaz säit Ufank 2023.

1556
Patienten an 2 Joer ënnersicht
4
2 deelhuelende Dokteren
Dr Michelle Berna-Thill
Ophtalmologin
"Dës nei Technologie spillt och eng wichteg Roll beim Abezéie vum Patient a seng Behandlung, well se him eng visuell Duerstellung vu senger Netzhaut erméiglecht."

Fotogalerie

Dës Projete kennen Iech interesséieren

All d'Projeten uweisen
All d'Projeten uweisen