“Fast Track”-Consultatioun vun der Netzhaut
Beschreiwung
Dës Kamera ass d’Häerzstéck fir eng sougenannt Fast Track-Consultatioun vun der Netzhaut fir Diabeetiker, déi och ouni déi soss noutwendeg Dilatatioun vun de Pupille méiglech ass. International Direktive schreiwen eng järlech Fundusuntersuchung vir, fir Ae-Lesiounen, déi duerch Diabeetes verursaacht ginn, matzäit ze diagnostizéieren an ze behandelen. Laut international Etüde befollegen nëmme 50% vun den Diabeetiker dës Recommandatioun a riskéieren en irreversibele Siichtverloscht oder souguer blann ze ginn.
Plus-value
D’Untersuchung ass net nëmme séier an einfach; mee doriwwer eraus bitt d’UWF-Kamera aner Virdeeler, wéi z. B. déi fotografesch Dokumentatioun am elektronesche Patientendossier, d’Vergréisserung an d’Markéierung vu verdächtegen Netzhautberäicher um Bild souwéi d’Benotzung vun de multimodale Funktioune vun der Kamera fir d’Diagnos an d’Behandlung vun avancéierte Krankheetsstadien. Ausserdeem kënne vill aner Netzhauterkrankungen unhand vu multimodale Funktiounen ënnersicht a méi no beobacht ginn, wéi z. B. eng Netzhautdegeneratioun, Entzündunge vun der Oderhaut an der Netzhaut souwéi Tumoren.
Status
Kamera am Hôpital Kirchberg (Hôpitaux Robert Schuman) Asaz säit Ufank 2023.