Covid-19: Finanzéierung vun den Tyvek-Kiddelen

Beschreiwung

Am Zesummenhang mat der Covid-19-Pandemie huet d’”Fondation Hôpitaux Robert Schuman” eng schnell a praktesch Léisung fonnt, fir hire Besoin u Schutzkiddelen a -kostümer ze decken. Am Mäerz 2020 hunn déi lëtzebuergesch Néiesche Schutzkleedung hiergestallt, mat engem Kontingent vu ronn 250 Unitéiten den Dag. D’Produktioun gëtt aktuell vun zéng Mataarbechterinne vun den Eva Ferranti-Atelieren um Site vun der Firma zu Käerjeng duerchgefouert. D’Néiesche schaffen am absolutte Respekt vun de Sécherheetsmesuren, déi vun der Santé virgeschriwwe ginn. Et hat sech zimmlech séier erausgestallt, dass et u Masken a Schutzkleedung aus Tyvek gefeelt huet. Dat ass ee Polyethylen-Vliesstoff vum amerikanesche Konzern DuPont, dee weltwäit nëmmen op zwou Plazen, an den USA an hei zu Contern, hiergestallt gëtt. Dupont léisst dann op Sitte vun Drëttubidder Schutzkleedung aus dësem Stoff bitzen. “De Problem war, dass et net genuch Tyvek-Kostümer fir dat ganzt Land gouf”, erkläert den Dr. Wilmes. Doriwwer eraus gouf et widderspréchlech Aussoen an Informatiounen. Gläichzäiteg ass d’Zuel vun den Déifstallmeldungen an den Drock duerch déi national Spideeler an d’Luucht gaangen. “Mir hu vill Demandë vu Fleeger an Doktere kritt, besonnesch aus de Covid-19-Servicer. Also hu mir no anere Léisunge gesicht. De Jean-Louis Schiltz, President vun der “Fondation Hôpitaux Robert Schuman”, den zoustännegen Organismus vun den Hôpitaux Robert Schuman, huet virgeschloen, zu Lëtzebuerg ze produzéieren. Hien hat och déi national Besoinen am Kapp.

Plus-value

Duerch d’Produktioun vun de Kiddelen a Schutzkostümer op der Plaz konnten d’Spideeler déi néideg Ausrüstung méi séier kréien, wéi wa se hätte missen op Liwwerungen aus dem Ausland waarden. Dëst verkierzt d’Waardezäit a suergt fir e méi séiert Approvisionnement vun essenzieller Schutzausrüstung.
Upassungsfäegkeet: Duerch d’Produktioun vu Schutzkiddelen a -kostümer op der Plaz kënnen d’Spideeler hir Produktioun séier u verännert Besoinen an Demanden upassen. Dat erméiglecht eng méi grouss Flexibilitéit, fir op Schwankunge vun der Demande ze reagéieren a sech u Verännerungen am Betribsëmfeld unzepassen, wéi z. B. méi COVID-19-Fäll oder aner medezinesch Noutfäll.Status

Status

Produktiounszyklus vum 30. Mäerz 2020 bis den 31. Mee 2020.

18.560
produzéiert Kiddelen
Philippe Wilmes
Referenzdokter an orthopedesche Chirurg
""Dës schnell a viabel Léisung, fir den dréngende Besoin vun dëse béide Spideeler ze decken, wier ouni Är an der FHRS hir Ënnerstëtzung a generéis Donen net méiglech gewiescht. Dofir e risege Merci.""
Eva Ferranti
Grënnerin vun Adamo Ed Eva
"Mir sinn der Demande vun der “Fondation Hôpitaux Robert Schuman” nogaangen, déi sech ëm d'Salairen an d'Versuergung gekëmmert huet. Fir de Rescht hu mir kee Benefice gemaach."

Fotogalerie

Dës Projete kennen Iech interesséieren

All d'Projeten uweisen
All d'Projeten uweisen