Clinical Research Unit vun den HRS

Beschreiwung

Ënnert der Direktioun vum Prof. Dr. Claude Braun a vum Dr. Maike Aurich huet dës Unitéit, déi vun der Fondation des Hôpitaux Robert Schuman (FHRS, Directeur M. Georges Heirendt) encadréiert a finanzéiert gëtt, als Zil, d’Gestioun vun dëse Fuerschungsprojeten ze stäerken, d’Recherche vun den Dokteren ze vereinfache souwéi d’Kollaboratioune mat de Fuerschungsinstituter aus dem Land opzebauen an ze stäerken. Se garantéiert och, dass all déi rechtlech, administrativ a finanziell Aspekter vun all de Fuerschungsprojeten am Aklang mat den applikabele Reglementatiounen a mat den internationale Qualitéitsstandarde souwéi der gudder klinescher Praktik behandelt ginn. D’klinesch Recherche, déi vun der FHRS encadréiert a finanzéiert gëtt, ass en integrale Bestanddeel vun den Aufgabe vun den Hôpitaux Robert Schuman an erméiglecht eise Patienten et, vun innovativen diagnosteschen an therapeuteschen Approchen ze profitéieren. Patienten, déi sech fräiwëlleg bereet erklären, un enger klinescher Studie deelzehuelen, hunn eppes dovun an erméiglechen et och villen anere Patienten, vu Behandlungen ze profitéieren, déi ni disponibel gewiescht wieren, wa se net am Virfeld getest gi wieren. Doriwwer eraus gi Patienten, déi un enger klinescher Studie deelhuelen, besonnesch gutt iwwerwaacht an ënnerstëtzt.

Plus-value

Dank der staarker Implicatioun vu sengen Doktere féieren d’HRS aktuell klinesch Studien duerch, a rekrutéiere Patienten an interventionelle klinesche Studien (mat Medikament oder medezineschem Apparat) oder Beobachtungsstudien, déi intern oder an Zesummenaarbecht mat industriellen (Pharmabetriber) an nationalen akademesche Partner wéi dem Luxembourg Institute of Health (LIH), dem Laboratoire National de la Santé (LNS) oder der Uni Lëtzebuerg duerchgefouert ginn. Streng iwwerwaacht respektéieren dës Studien e geneeë Protokoll a ginn nëmmen ënner bestëmmte Konditiounen duerchgefouert.

Status

Aktiv mat e puer Projeten amgaangen.

Prof. Dr. Claude Braun
Directeur médical vun den HRS
"Se erméiglecht eis och, de wëssenschaftleche Virwëlz ze verfeineren an d'Kompetenze vun eisem Fleegepersonal ze weisen, an ass schlussendlech e weesentleche Motor fir d'Qualitéit vun de Soinen a fir denEnseignement, dee mir do ubidden."
Maike Aurich
Responsabel vun der Clinical Research Unit vun den HRS
"Bei den HRS konzentréiere mir eis op translational a patientenorientéiert Recherche. Eise Virdeel läit an der Kombinatioun vun ambulanten a stationäre Soinen, déi den Zougang fir ambulant Patiente vereinfacht, zum Beispill fir Phas-III- a Phas-IV-Studien. Dobäi muss eis Recherche e positiven Afloss op d'Weiderentwécklung vun therapeutesche Méiglechkeeten, Qualitéitsstandarden an Technologien an de Spideeler hunn."

Fotogalerie

Dës Projete kennen Iech interesséieren

All d'Projeten uweisen
All d'Projeten uweisen