Anatomie vum Aen: interaktiven Outil

Beschreiwung

Dësen interaktiven Outil, deen op der Gesondheetsplattform vun den Hôpitaux Robert Schuman – www.acteurdemasante.lu zur Verfügung steet, soll d’Léiere vun der Anatomie vum A spilleresch an instruktiv gestalten, a riicht sech souwuel un déi, déi sech dofir passionéieren, wéi och un d’Studenten an d’Proffien aus dem Gesondheetssecteur.  Den Outil gouf ausgeschafft vun der medezinescher Ekipp vum Service National d’Ophtalmologie Spécialisée a bitt eng immersiv Experienz, déi et erlaabt, visuell déi verschidde Strukture vum An ze erfuerschen, vun den externe Kusche wéi Hornhaut a Sklera bis op déi intern Kusche wéi Netzhaut an Optikus.  Fir all Zon fannt Dir detailléiert Informatiounen an Explikatiounen iwwert heefeg Krankheeten déi kënnen am A optrieden, wéi de groe Star, de Glaukom oder eng Makuladegeneratioun. Dësen interaktiven Outil ass dofir geduecht, fir jidderengem dobäi ze hëllefen, e bessert Verständnes vun dem komplexe Fonctionnement vum mënschleche A an deenen domat verbonnen Defie fir d’Gesondheet ze gewannen.

Méiwäert

Dëse Projet stellt e wesentleche Fortschrëtt am Beräich vun der medezinescher Ausbildung an der Sensibiliséierung fir d’Ophtalmologie duer. Duerch d’Kombinatioun vun interaktive pädagogesche Ressourcen an engem wëssenschaftlech fondéierte Contenu mécht en et méiglech, d’Léiere méi spannend an zougänglech fir ënnerschiddlech Publicken ze maachen, egal ob et Professioneller aus dem Gesondheetssecteur sinn, Studenten oder Leit, déi hiert Wëssen iwwert hir Aegesondheet verbessere wëllen. Mat senger visueller an intuitiver Approche hëlleft dësen Outil déi anatomesch a pathologesch Kenntnesser besser ze verhalen, wouduerch d’Bewosstsi fir d’Enjeue vun der Aegesondheet gestäerkt gëtt. Ausserdeem bitt en en einfachen Zougrëff  op qualitativ héichwäerteg Informatiounen, wat zu enger besserer Verbreedung vu weesentlechem Wëssen an enger méi effikasser Präventioun vun Aekrankheeten bäidréit.

Status

Den Outil ass am Oktober 2024 op der Plattform www.acteurdemasante.lu online gesat ginn.

Dr Michelle Berna-Thill
Referenzdoktesch an der Ophtalmologie (HRS)
"Dëse Projet ass e wichtege Fortschrëtt an der Ophtalmologie-Educatioun: en erméiglecht jidderengem, en déifgräifend Verständnes vum mënschlechen A a senge Krankheeten ze kréien. Duerch dat interaktiivt a visuellt Léieren hëlleft e jidderengem, d'Komplexitéit vun der Aegesondheet besser ze verstoen an sech besser ëm seng Aen ze këmmeren."
Dr Christian Farah
Aendokter
"Dësen Outil illustréiert kloer déi verschidden anatomesch Bestanddeeler vum A. En erméiglecht et, op hir Funktioun an hir Roll bei bestëmmte Krankheeten anzegoen. De Virdeel vun dësem Projet ass, dass en d'Erklärunge vum Aendokter visuell ënnermauert an dem Patient d’Méiglechkeet gëtt, verschidde Sujeten ze verdéiwen an dat op Basis vu verifizéierten Informatiounen."
Dr Anne-Marie Burg
Aendoktesch
"Dësen Outil stellt e richtege Wendepunkt duer, wat d‘Léiere vun der Anatomie vum A ugeet. Seng interaktiv an immersiv Dimensioun mécht d’Studium vum A net nëmme méi accessibel, mee och méi spannend, egal ob ee Student, eng Persoun aus de Gesondheetsberuffer oder einfach nëmmen interesséiert ass, fir dëst komplext Organ besser ze verstoen. Mat dësem Support kann een d’Strukture vum A visuell entdecken an dobäi op zouverlässeg an déifgräifend Informatiounen zougräifen."
Tsvetelina Ivanova
Chargée de communication & Coordinatrice vum Projet
"Dësen Tool ass d’Resultat vun engem déifgräifenden an sorgfältegen Teamaarbecht. Baséiert op dacks gestallte Froen vun de Patienten, gouf en entwéckelt vun den Ophthalmologe vum SNOS a Kollaboratioun mat Spezialisten am digitalen Design. Dës Synergie tëschent Experten aus verschiddene Beräicher huet et erméiglecht, en Tool ze kreéieren, dat innovativ, pedagogesch a spilleresch ass. D’Enge Zesummenaarbecht mat dëse Fachleit war fir mech eng ganz beräicherend Erfarung."

Fotogalerie

Dës Projete kennen Iech interesséieren

All d'Projeten uweisen
All d'Projeten uweisen