3D Exomikroskop
Beschreiwung
Den 3D-Mikroskop oder Exomikroskop vun der Mark ZEISS ass e Mikroskop um neiste Stand vun der Technik, mat deem een déi rezentst technesch Contrainten am Zesummenhang mat binoculairë Mikroskopen iwwerwanne kann. D’Positioun vum Operateur gëtt entlaascht an d’Bild gëtt direkt op e risege 4K-Bildschierm mat enger exzeptioneller 3D-Bildqualitéit iwwerdroen.
Plus-value
Dëse Projet ass eng wichteg Plus-value fir d’Patienten, well se mikrochirurgesch Agrëffer méi zouverlässeg mécht, an d’Permeabilitéit vu Gefäässer mat engem Duerchmiesser vu manner wéi engem Millimeter garantéiert, a gläichzäiteg d’Operatiounsdauer verkierzt. Doriwwer eraus gëtt den Thrombosrisiko staark reduzéiert dank de Permeabilitéitskontrollen duerch Fluoreszeintester.
Status
Säit Februar 2023 bei den Hôpitaux Robert Schuman fir e wéchentlechen Asaz vum Kinévo (SOS main & geplangt Operatiounen) implementéiert.