Urologesch Chirurgie – Da Vinci Xi®-Roboter
Beschreiwung
D’Chirurgie ass eng vun den Haaptbehandlungen am Fall vu Prostattkriibs. Bei der Operatioun, déi ee radikal Prostatektomie nennt, ginn esouwuel den Tumor wéi och déi associéiert Lymphkniet ewechgeholl. Dësen Agrëff gëtt dacks mat enger fortschrëttlecher Operatiounstechnik, déi ee Roboter-assistéiert Laparoskopie nennt, a mam Robotersystem “Da Vinci Xi®” duerchgefouert. . Dës Approche bitt vill Virdeeler, dorënner eng méi héich Prezisioun, eng méi séier Reconvalescence a minimal Narben, soudass d’Patiente méi séier erëm eng optimal Liewensqualitéit hunn. Et war den éischte roboteschen Operatiounssystem am Land.
Plus-value
D’Aféierung vum éischte Robotersystem fir d’Chirurgie an eisem Land stellt e groussen Duerchbroch am medezinesche Beräich duer. D’Zesummenaarbecht tëschent enger héichqualifizéierter Chirurgiesekipp a Medezintechnik-Spezialiste mécht de Wee fräi fir méi prezis, manner invasiv a méi effikass Agrëffer. Dës héichmodern Technologie bitt eng dräidimensional Siicht an eng verbessert Dexteritéit, an erméiglecht de Chirurgen et, komplex Agrëffer mat onerreechter Prezisioun duerchzeféieren. Dëse Fortschrëtt versprécht nei Behandlungsméiglechkeeten, déi héichqualitativ Gesondheetssoine garantéieren an eist Engagement fir d’Wuelbefanne vun de Patiente verstäerken.
Status
Am Kierchbierger Spidol (Hôpitaux Robert Schuman) am Asaz säit 2013.