Tovertafel
Beschreiwung
D'Unité cognitivo-comportementale (UCC) vun den Hôpitaux Robert Schuman, e spezialiséierte Service fir eeler Patiente mat Demenz a Verhalenskrisen an hir Famillen, huet d'Tovertafel kaf. Et ass eng interaktiv Technologie, déi op wëssenschaftlech Recherchë baséiert a speziell fir eeler Leit mat Demenz an aner kognitiv Beanträchtegungen entwéckelt gouf. E Projektor, deen un de Plafong montéiert gëtt, projezéiert interaktiv Spiller op e groussen Dësch, déi d'Sënner, d'Gediechtnes an dat soziaalt Engagement vun eeler Mënsche stimuléiere sollen.
Plus-value
D'Versuergung vun eeleren Demenzpatienten, wéi z.B. mat Alzheimer oder anere Forme vun Demenz, ass komplex a fuerdert eng global an entgéintkommend Approche. An dësem Zesummenhang spillen Therapien ouni Medikamenter, déi d'Prise en charge médicamenteuse ergänzen, eng wichteg Roll am Versuergungsplang vun dëse Patienten, well se Verhalens- an emotional Symptomer reduzéieren an dozou bäidroe kënnen, hir Autonomie esou laang wéi méiglech ze erhalen. Den Observatioune vun der Ekipp vun der UCC no bitt dës Technologie de Patiente Momenter vu Spaass, Oflenkung a Freed an dréit dozou bäi, dat emotionaalt Wuelbefannen ze verbesseren. Se kann och dozou bäidroen, stéierend Verhalensweisen ze reduzéieren, déi bei Mënsche mat Demenz dacks mat Langweil an Onrou verbonne sinn.
Status
Acquisitioun am Joer 2022 an der Clinique Sainte-Marie (Hôpitaux Robert Schuman)