
Total Body Mapping
Beschreiwung
De Body Mapping erméiglecht eng fréi Erkennung vu béisaartege Melanomen (Nävi) an net-melanozytäre béisaartegen Tumore vun der Haut unhand vun engem Ganzkierper-Fotosystem a vu KI-assistéierter morphologescher Analys.
Plus-value
Zousätzlech zu enger klinescher an dermatologescher Untersuchung vum Patient erméiglecht den Total Body Mapping eng komplett fotografesch Dokumentatioun vu Schéinheetsflecken unhand vun engem innovative Computersystem.
Status
De Body-Mapping-Apparat gouf vun der FHRS finanzéiert, kaaft an am Juni 2023 an den Hôpitaux Robert Schuman a Betrib geholl. Säit 2024 ass e Body-Mapping-Apparat och am GesondheetsZentrum a Betrib.
595
realiséiert Untersuchunge säit engem Joer
30
Minutten (Untersuchungsdauer)
11
Patienten d'Woch ënnersicht

Prof. Dr Patrick Koch
Dermatolog an den HRS
"De Projet passt perfekt zu de Wäerter, déi d'HRS charakteriséieren a verdeedegen: Respekt virum Patient, Teamgeescht, Exzellenz an Innovatioun, nohalteg Entwécklung. Mee och Preventioun a Modernitéit: Eise Patienten déi modernst Preventiouns- an Untersuchungstechniken zur Verfügung stellen."
Fotogalerie




