Radiofrequenzablatioun fir de Barrett-Oesophage
Beschreiwung
De Barrett-Oesophage ass den Haaptrisikofaktor fir en Adenokarzinom vun der Speiseröre (ACE, 50-fache Risiko). D’Ewechhuele vun der Barrett-Schläimhaut reduzéiert däitlech dëse Risiko. Wann neoplastesch Beräicher vu Barrett (d.h. Zellen, déi potentiell béisaarteg degeneréiere kënnen) am Virfeld endoskopesch resezéiert goufen, sollt de Rescht vun der Barrett-Schläimhaut (och net-dysplastesch) am Aklang mat den aktuelle Richtlinnen iwwert de Reflux behandelt/ewechgeholl ginn. Eng sécher a schounend Method ass d’Radiofrequenzablatioun (RFA), bei där, bei Virkriibs, d’Schläimhaut, déi duerch de Barrett-Oesophage geschiedegt gouf, mat enger Gastroskopie (Mospigelung) ënner Sedéierung wärend engem ambulanten Agrëff ewechgeholl gëtt, woubäi dat gesond Geweebe, dat drënner läit, erhale bleift. Den endoskopeschen Agrëff dauert ongeféier 30 bis 45 Minutten an d’Patiente kënnen d’Klinik normalerweis nach den Dag selwer verloossen. Am Fall vu geleeëntleche liichte Stéierunge stellen mir de Patiente Medikamenter zur Verfügung. No zwee bis dräi Méint Behandlung gëtt eng Kontroll-Gastroskopie duerchgefouert, fir festzestellen, ob eng nei Seance RFA néideg ass.
Plus-value
Dank der Technologie vum Barrx-Radiofrequenzablatiounssystem, dee vun hirem Service Gastroenterologie ugebuede gëtt, sinn d’Hôpitaux Robert Schuman déi eenzeg Ariichtung zu Lëtzebuerg, déi d’Patiente mat Barrett-Oesophage, déi eng Behandlung an der Zithaklinik brauchen, behandelen an esou de relative Risiko ëm bis zu 94% reduzéieren, dass d’Krankheet vun enger niddereggradeger Dysplasie op eng héichgradeg Dysplasie oder EAC progresséiert.
Status
Operationell säit Juni 2021.