Orthopedesch Chirurgie – Mako®-Roboter

Beschreiwung

Dank der Acquisitioun vun engem éischte MAKO®-Roboter am Joer 2016 sinn d'Hôpitaux Robert Schuman eng Pionéier-Gesondheetsariichtung zu Lëtzebuerg an der Roboter-assistéierter orthopedescher Chirurgie. Dëse Navigatiounssystem bitt fir d'éischt e personaliséierten Operatiounsplang, deen un déi individuell Anatomie vum Patient ugepasst ass. Dësen 3D-Modell vum Knéi gëtt da benotzt, fir de Chirurg duerch d'Ersetze vum Knéi oder der Hëft ze guidéieren. De System verhënnert, dass chirurgesch Instrumenter a geféierlech Beräicher andréngen, wou se Nerven oder Bluttgefäässer verletze kéinten. Esou kann een eng geometresch Zon schafen, an där de Chirurg seng Geste perfekt kontrolléiert, an déi dem Deel vun der Schank entsprécht, deen ewechgeholl gi muss, fir eng Prothees richteg ze implantéieren.

Plus-value

Fir de Patient bitt den Asaz vum MAKO®-Roboter Virdeeler par rapport zu der konventioneller orthopedescher Chirurgie wéinst der héijer Präzisioun an der anatomescher Platzéierung; d’ Gelenkbeweegung ass méi natierlech; d’Hospitalisatioun, d‘Reconvalescence an de Retour op eng normal Aktivitéit dauere manner laang; d’Muskele ginn erhalen; d’Aschnëtter si méi kleng; den Infektiounsrisiko gëtt reduzéiert; et huet ee manner Péng; et verléiert ee minimal Blutt, an de Risiko vun enger Blutttransfusioun ass méi kleng; de Risiko vun engem Bluttgerinnsel gëtt reduzéiert.

Status

An den Hôpitaux Robert Schuman am Asaz säit 2016. Erweiderung vum Projet am Joer 2024 mat der Installatioun vun engem zweete Roboter an den neisten digitalen Applikatiounen.

3000
a méi duerchgefouert Operatiounen
4.3
Deeg (duerchschnëttlech Hospitalisatiounsdauer)
Patrick Dohn
Orthopedesch an traumatologesch Chirurgie
"D'Kontroll iwwer d'Positionéierung vu menge Protheesen virun a wärend der Operatioun ass e Virdeel, dee meng Entscheedung fir d'Robotik bestätegt. Dass een d'Prothees un déi individuell Anatomie vum Patient upasse kann, ass e Schlësselfacteur fir den Erfolleg beim Ersetze vun enger Hëft an engem Knéi."
Pit Putzeys
Orthopedesch an traumatologesch Chirurgie
"Dank der AccuStop Haptics-Technologie vu Stryker an dem semi-autonome MAKO®-Roboter kënne mir präzis a sécher chirurgesch Agrëffer duerchféieren, an esou d'Risike fir vital Strukture reduzéieren an déi post-operativ Reconvalescence vun de Patiente wierklech verbesseren."
Henri Schlammes
Orthopedesch an traumatologesch Chirurgie
"Säit der Aféierung vun der Roboterchirurgie konnt eise Service de Patiente personaliséiert a sécher Behandlunge bei Hëft- a Knéi-Arthros ubidden, woubäi säit 2016 méi wéi 3500 Protheesen implantéiert goufen."
Philippe Wilmes
Orthopedesch an traumatologesch Chirurgie
"Säit ech mam MAKO®-Roboter operéieren, si meng Operatiounsresultater méi genee a méi reproduzéierbar ginn. Et gi keng Iwwerraschunge méi bei de post-operative Suivis-Röntgen, an d'Zefriddenheet vu menge Patiente weist op déi onbestreitbar Virdeeler vun dëser Spëtzentechnologie hin."

Fotogalerie

Dës Projete kennen Iech interesséieren

All d'Projeten uweisen
All d'Projeten uweisen