Drockatelier
Beschreiwung
D’Iddi vun dësem Projet ass eng deelweis Ëmstrukturéierung vum Konschttherapieatelier duerch d’Integratioun vun engem Drockatelier mam Zil, dësen Atelier an den Alldag vun der Konschttherapie an der Hôpitaux Robert Schuman ze integréieren.
De Prozess vum Drock begleet zanter dem Ufank vu menger Aktivitéit an der Dagesklinik vun Esch-Uelzecht meng konschttherapeutesch Aarbecht. Et huet sech awer ëmmer méi gewisen, datt een am Handdrockverfaren op kleng Formater beschränkt ass an och, datt d’Erreeche vun akkuraten Drockresultater an dëser Form schwéier ëmzesetzen ass. Eng Drockwalz fir den Héich- an Déifdrock, eng Handdrockpress fir de Materialdrock an Textildrock souwéi e Siftdrockdësch vereinfachen den Drockprozess staark an erméiglechen nei Asazméiglechkeeten am konschttherapeutesche Kontext. Mat dëser Ergänzung vum Atelier an der Dagesklinik zu Esch-Uelzecht huet sech d’Aarbecht am Atelier weiderentwéckelt. De fréieren Ergotherapieraum ass esou zu engem ganz gutt equipéierten Atelier fir Konschttherapie ginn.
Méiwäert
Wann et de Patient*inne schwéier fält, sech op d’Konschttherapie anzeloossen, kann den Zougang iwwer Interessie wéi Comics, Anime oder aner Billervirlage fonnt ginn. Wann den Ausgangspunkt eng bekannt Virlag fir eng Aarbecht ass, déi dono eegestänneg gemaach gëtt, kann dës déi néideg Verbindung zur Aarbecht am Atelier bréngen. D’Virlag gëtt an engem éischte Schrëtt Sécherheet, unhand vun där dann eng nei Erausfuerderung ka gesicht ginn (z.B. d’Ëmsetzung vum Motiv a Linolschnatt). Soubal de Patient dann am Aarbechtsprozess ukomm ass, kann eng richteg Freed um Schaffen a Gestalten entstoen, Ängschten an Onsécherheete kënnen ofgebaut ginn.
Eenzel Projete kënnen och ganz gutt an der Grupp ëmgesat ginn, zum Beispill kënne beim gemeinsamen Experimentéieren ënnerschiddlech Drockplacken a Materialien am Héichdrockverfare matenee kombinéiert ginn. D’Zesummenaarbecht fërdert d’Gemeinschaftsgefill an der Grupp.
Status
Et kann zanter September 2022 am Drockatelier (Hôpitaux Robert Schuman) geschafft ginn.