Fondatioun
D',,Fondation Hôpitaux Robert Schuman’’ ass am Secteur vun der Santé aktiv. Si ass deen eenzegen Aktionär vun der HRS - Hôpitaux Robert Schuman S.A., déi d'Spidolsaktivitéite vum Hôpital Kirchberg, der Clinique Bohler, der ZithaKlinik an der Clinique Sainte-Marie regruppéiert.
Iwwer
D’Fondatioun ass och eenzegen Aktionär vun der Santé Services S.A., eng Entreprise, déi Servicer am Gesondheetssecteur ubitt.
D’Fondatioun bedreift a verwalt selwer hir Aktivitéiten ausserhalb vum Spidol. Als Besëtzer vum GesondheetsZentrum, en Zenter fir Depistage- a Preventivmedezin, bitt si finanziell Ënnerstëtzung fir Infrastruktur- an Ausrüstungsprojeten, Innovatiouns- a Fuerschungsprojeten, wéi och Aktivitéite fir d’Aus- a Weiderbildung.
D'Fondation Hôpitaux Robert Schuman huet verschidden Aufgaben:
Facilitateur
Roll vum Facilitateur:
- HRS-Fuerschungsprojeten,
- Organisatioun vu Stagë fir Dokteren an der Spezialistenausbildung,
- Gestioun vun der medezinescher Formation continue,
- Innovatioun a Saachen nei medezinesch Ausbildungs- an Informatiounstechnologien, dorënner E-Learning-Plattformen,
- Opbau vu Partnerschafte mat aneren Acteuren aus dem Gesondheetssecteur.
Entwécklung
Roll bei der Entwécklung vun neien Aktivitéite wéi z.B. Preventivmedezin.
Investisseur
Roll vum Investisseur bei der Schafung vun Infrastrukturen an der Acquisitioun vun Ekipementer am Zesummenhang mat Gesondheetsaktivitéiten.
Aktionär
- (resp. vum Grënnungsmember) fir seng bestoend an zukünfteg Duechtergesellschaften, dorënner d'HRS - Hôpitaux Robert Schuman S.A.
- d’Santé Services S.A.
- de GesondheetsZentrum, d’ASBL Medical Training Center, d'Spidolswäscherei oder och den INCCI
Ekippegeescht
Nohaltegkeet
Exzellenz
Organigramm
D'“Fondation Hôpitaux Robert Schuman“ (FHRS), eng onofhängeg Stëftung, déi 1992 zum ëffentlechen Déngschtleeschter erkläert gouf, ass d'DaachEntitéit vum HRS-Grupp a Santé Services S.A.